Hesper Dirndl Hüttenfest

Am Gemengepark zu Hesper

D’Päerdsfrënn Uelzechtdall Hesper asbl heeschen Iech ganz häerzlech wëllkomm op eiser 2.ter Editioun vum „Hesper Dirndl Hüttenfest“. Kommt a verbréngt e puer flott a gemittlech Stonnen bei eis am an ëm den Chalet an dem Festzelt am Hesper Park.

Natierlech hunn mir fir déi musikalesch Ënnerhalung déi beschten DJ’s an Bands aus dem In- an Ausland engagéiert.

Getränke Kessler vun Tréier versuergt eis mat original Paulaner Oktoberfest-Wiesnbier. D’Patisserie Hoffmann verwinnt eis mat typesch bayreschen Spezialitéiten. Am Park waarden d’Forrain‘e mat hiren Karusseller an Zockerbuden op d’Kanner.

Deemno erwaart iech en gellegt Volleksfest am Hesper Park.

Sponsoren | Partner

Mir soen eise Sponsoren a Partner villmools Merci!