Iessen | Drénken

Fir all déi keng reservéiert Platz méi kréien, suergt Boucherie Kirsch beschtens fir Iessen an Gedrénks op der Terrasse nieft dem Chalet an am Zelt an dëst Donneschdes, Freides, Samschdes an Sonndes. Waart net ze laang an séchert Iech Ären Entréesticket am Virverkaf!

Am Chalet

An eisem typesch bayresch dekoréiertem Chalet gitt Dir Donneschdes, Freides, a Samschdegowes ab 19:00 Auer a Sonndes ab 12:00 Auer vun eisem Hüttenchef, dem Jean-Marie Hoffmann zerwéiert.

  • Entréesticket
  • Reservéierten Dësch
  • Service um Dësch
  • Frësch Wiesn Brezn
  • 1 Glas Cremant zur Begréissung (oder 1 Softdrink)
  • ½ Maß Original Münchner Paulaner Wiesnbier (oder 1 Softdrink)
  • „Vorspeisenbrettl“ (pro Dësch)
  • 1 Plat au Choix (Haxn, Hendl, Hüttenburger)
  • 1 bayrëschen Dessert
  • 1 Schnaps

Menu am Chalet: 80€ pro Persoun (Sonndes 70€)

Opgepasst: Limitéiert Plazen fir d’Iessen am Chalet. Deen am viraus reservéierten Dësch muss bis spéitstens 19:30 Auer besat/ageholl sinn. Ab 21:30 Auer ass den Chalet och selbstverständlech géint d‘firweisen vum Entréesbändchen fir jiddereen op!

Dëscher am Chalet si leider déi 4 Deeg komplett ausgebucht.

Am Zelt

Dir hutt wärend dem ganzen Weekend d’Méiglechkeet an eisem Partyzelt, an och op der grousser Terrasse virum Chalet, typesch bayresch Spezialitéiten vun eisem Hüttenkach (Boucherie Kirsch) ze genéissen:

  • 1 Puer „Weißwurscht mit süßer Senf & Brezn“
  • Leberkäs mat Bratkartoffeln
  • Allgäuer Kässpätzle mat Röstzwiebeln
  • Pfifferlinge mat enger Kraïder Rahmsauce
  • Portioun „Haxn“

Och Samschdes- a Sonndegmëttes ass ab 12:00 Auer dem Hüttenkach seng Kichen fir iech op, an dëst ouni Reservatioun!

Profitéiert och vun eiser „Champagner Bar“ op der neier der Terrasse an am Chalet.

Genéisst en sëffegen Oktoberfest Wiesnbier vun Paulaner, oder eisen neien „ALPERO der Kräuterspritz“ ënnert dem Motto: Aus Freude zur Natur ...den Bergen ein Stück näher!

E gudden Eisekuch mat Zocker oder Schlagsahn oder eng lecker Glace vun der Pâtisserie Hoffmann daerfen do nët féelen!

Am Zelt keen reservéierten Dësch an keen Service um Dësch!

Sponsoren | Partner

Mir soen eise Sponsoren a Partner villmools Merci!