Hesper Dirndl Hüttenfest

Am Gemengepark zu Hesper

D’Päerdsfrënn Uelzechtdall Hesper asbl heeschen Iech ganz häerzlech wëllkomm op eiser éischter Editioun vum „Hesper Dirndl Hüttenfest“. Kommt a verbréngt e puer flott a gemittlech Stonnen bei eis am an ëm den Chalet an dem Partyzelt am Park.

Natierlech hunn mir fir déi musikalesch Ënnerhalung déi beschten DJ’s aus dem In- an Ausland engagéiert. Besonnesch begréissen mir och eisen laangjäregen Musékerkolleg Roland aus dem fir vill Lëtzebuerger beschtbekannten „Jodlerwirt“ vu München.

Getränke Kessler versuergt eis wéi gewinnt ënnert anerem mat original Paulaner Wiesnbier. D’Patisserie Hoffmann souwéi d’Boucherie Kirsch verwinnen eis mat typesch bayreschen Spezialitéiten. Am Park waarden d’Forrain‘e mat hieren Karusseller an Zockerbuden op d’Kanner.

Deemno erwaart iech en gellegt Volleksfest am Hesper Park.

Sponsoren | Partner

Mir soen eise Sponsoren a Partner villmools Merci!